Chrëschtmaart

24.11 – 7.01

25.12 geschlossen

Sonnden – Donneschdeg: 11:00 – 22:00

Freideg – Samschdeg: 11:00 – 23:00

De Restaurant  KUGENER befënnt sech zanter Generatiounen op der Schueberfouer an ass spezialiséiert am Domän vun groussen a klengen Catering-Eventer.

An engem modernen Kader mat vill Flair kënnt dir Iech verwinne loossen.

Op eiser Kaart fannt dir e grousse Choix un kulinaresche Variatiounen an Traditiounen wéi z. Bsp. eise gebâckene Fësch ( Merlan), Pita Gyros,an  villes méi….

Profitéiert och vun engem groussen Bausseberäich mat verschiddenen iwwerdeckten Terrassen am Häerz vun der Schueberfouer.

All Owend flott Stëmmung mat vill Animatioun. Fillt Iech wuel bei engem frësch gezaapte Simon’s Béier, exotesch hausgemaachte Cocktailer a genéisst e grousse Choix fir d-ganz Famill.

Eis frëndlech an dynamesch KUGENER-Equipe freet sech op äre Besuch.

Wëllkomm beim KUGENER op der Schueberfouer. 

Dir organiséiert eng Soirée, en Fest oder groussen Event?

 Zeckt net a frot Iech eng detailléiert Offer fir äert perséinlecht Fest.

+352 621 277 633